Print this page

Fuusslee - Wou as daat?

D'Fuusslee as eng Lee déi zwëschen der Buurschter Millen an dem Buurschter Schlass läit. D'Wuert Lee gët fir eng Daachlee aus Schiefer oder fir ee Fielsreck deen aus dem Buedem erauskuckt gebraucht. Bekannt as am Eisléck d'Molberlee, an soss am Ländchen d'Noumerleen oder d'Mamerleen. Hei riets gesit Dir eng Zeechnung aus 'Les cahiers luxembourgeois' vun 1939, vum Jean-Paul Ker.

 

An der Brochür vun 'Dem Els seng Dreem' steet dat heien:


Datt de Kader vum Buurschter Schlass eng herrlech Kuliss fir e Fräiliichtheater ofgët, war verschiddene Leit scho laang opgefall an ët gouf viru Joëren och schon e puer Opféierungen vun dësem Genre an engem Haff an der Uewerbuerg.
Duurch d'Restauratiounsaarbechten vun de "Sites et Monuments" mat Consolidatioun vun de Maueren a Weer, an d'Andecken vun den Tiirm, huet d'Bild vum Buurschter Schlass an och d'Méiglechkeeten vun sou engem Projet an der Ënnerbuerg sech fortlafend verbessert.

Dank der Sisiphusaarbecht vum Här François Decker, Archivar vun den "Amis du Château de Bourscheid", konnten d'Archive vum Buurschter Schlass, déi komplett erhale sin, opgeschafft a veröffentlecht gin. Dobäi gouf festgestallt dass dës Archiven souvill authentischt an héich interessant Material liwweren, wat kënnt an engem historischen Fräiliichttheater verschafft gin.

Den 29. Oktober 2000 huet séch op Initiative vun der Gemeng zu Buurschent d'asbl Fuusslee gegrënnt an bereet erklärt d'Organisatioun an de Finanzement vum Fräiliichttheater ze iwwerhuelen.

 

Home